DammenChristine Majerus geet dës Woch nees un den Depart bei enger Course

Franky Hippert
No enger Saison, déi zanter Mäerz wéinst der Corona-Kris ausgesat gouf, huet d'UCI elo e puer Competitioune geplangt.
© Didier Weber / RTL Télé Lëtzebuerg

Dat laangt waarden op d’Kompetitioun fir déi bescht Dammen am Cyclissem op der Welt huet en Donneschdeg a Spuenien en Enn. Dat gëllt och fir d’Christine Majerus. D’Lëtzebuerger Sportlerin vum Joer ass, frou, datt et nees lass geet.

Christine Majerus/Reportage Franky Hippert

D’Corona-Paus war laang a virun allem d’Ongewëssheet, wéini een op de Stroossen am Ausland nees ëm Victoirë ka fueren, war net evident ze geréieren.

Jo et ass iwwerhaapt emol eng Victoire, fir hei um Depart ze sinn. D’UCI huet en zimmlech komplexe Corona-Protokol eraus ginn. Mir musse 6 Deeg an 3 Deeg virun der Course en negative PCR-Test hunn. Mir kommen aus ënnerschiddleche Länner, dat ass alles net esou evident.

En Donneschdeg geet déi 33 Joer al Proficyclistin also bei enger UCI-Course an der Géigend vu Pamplona am Norde vu Spuenien un den Depart.

D’Course stoung u sech guer net op mengem Programm, well et u sech eng schwéier Grimpeurscourse ass. Ech kommen heihin ouni grouss Ambitiounen, fir einfach ze kucken, wou ech stinn a wou ech nach u mer muss schaffen.

An och e Freideg an e Sonndeg huet d’Christine Majerus nach eng Kéier Eendagescourssen a Spuenien um Programm.

Christine Majerus hofft datt Situatioun nees besser gëtt an Saison fäerdeg gefuer ka ginn.

Christine Majerus/Reportage Franky Hippert

Back to Top
CIM LOGO