CyclocrossChristine Majerus mat Victoire an der Schwäiz

RTL Lëtzebuerg
No enger staarker Leeschtung wënnt d'Christine Majerus um Sonndeg um Circuit d'Hittnau am Kader vun der EKZ Cross Tour.
© Pressphoto (Archiv)

D’Lëtzebuergerin huet d’Course vun Ufank un ugefouert an déi ganz Course dominéiert. Vun Tour zu Tour konnt d’Christine Majerus de Virsprong ëmmer weider ausbauen a gewënnt schlussendlech mat enger Avance vun 1 Minutt an 38 Sekonnen virun der Franséisin Marlène Petit an der Däitscher Elisabeth Brandau.

Back to Top
CIM LOGO