CyclissemChristine Majerus Member vun der Sécherheetskommissioun

RTL Lëtzebuerg
An der Sécherheetskommissioun vun der UCI ware bis ewell net alleguer d'Interessensvertrieder representéiert.
© Getty Sport

D’Lëtzebuerger Championne Christine Majerus wäert an d’Zukunft den Damme-Peloton an der UCI-Sécherheetskommissioun vertrieden. D’Gewerkschaft vun de weibleche Vëlosprofie (TCA) souz bis ewell net mat um Dësch, wann iwwer nei Reegelen a puncto Sécherheet am Cyclissem diskutéiert gouf. Dat ännert sech vun elo un.

D’Coureuse vun der Ekipp SD Worx wäert an der Sécherheetskommissioun nieft hire männleche Kolleegen Matteo Trentin a Philippe Gilbert, déi d’Representante vun der Gewerkschaft vun de männleche Coureure sinn (CPA), Plaz huelen.

Member vun der Sécherheetskommissioun sinn ënnert anerem och nach de Christian Prudhomme, den Thierry Gouvenou oder de Patrick Lefevere.

Back to Top
CIM LOGO