SternoklavikularverrenkungChristine Majerus muss no Chute awer operéiert ginn

RTL Lëtzebuerg
Ufanks gouf et no hirer Chute en Dënschdeg bei der Simac Ladies Tour an Holland nach Entwarnung, mä elo muss d'Christine Majerus awer operéiert ginn.
© AFP Archiv

Dat huet d’Lëtzebuerger Championne e Mëttwoch op Facebook selwer wësse gedoen, nodeems si zu Maastricht an en zweeten Check war. Deemno soll d’Christine Majerus e Freideg un der Gelenk-Verbindung tëscht dem Schlëssel- a Broschtbeen operéiert ginn.

Well et eng relativ rar Blessur ass, kéinten d’Dokteren allerdéngs nach net soen, wéi laang et dauert bis alles geheelt ass, schreift si an de soziale Medien.

RTL News: Simac Ladies Tour: 1. Etapp: D’Christine Majerus kugelt sech d’Schëller aus a muss opginn

Back to Top
CIM LOGO