
No 99 Kilometer ronderëm Manchester hat d’Lëtzebuerger Championne déi gutt Echappée erwëscht an ass am Schlusssprint just vum Ruby Risemanta - Gannon geschloe ginn. D’Lotte Kopecky gouf Schlussgewënnerin vum ganzen Tour.
D’Weltmeeschterin huet donieft och nach zwou Etappe gewonnen. Op der 3. Plaz hat d’Lëtzebuergerin e Retard vu 34 Sekonnen op d’Kopecky. D’Form stëmmt net nëmme bei hirer Ekipp SD Worx - Protime, mee och beim Christine Majerus. Dat léist hoffe fir d’olympesch Spiller.
1 ROSEMAN-GANNON Ruby Liv AlUla Jayco 2:37:51
2 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime ,,
3 WIEBES Lorena Team SD Worx - Protime ,,
4 KOPECKY Lotte Team SD Worx - Protime ,,
5 JANSEN Eline VolkerWessels Women’s Pro Cycling Team ,,
1 KOPECKY Lotte Team SD Worx - Protime 13:03:40
2 HENDERSON Anna Great Britain +0:17
3 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime +0:34
4 GEORGI Pfeiffer Team dsm-firmenich PostNL +0:38
5 PATERNOSTER Letizia Liv AlUla Jayco +0:40