Lëtzebuerg huet mam Christine Majerus bei den Elite-Dammen, déi Athletin um Depart, déi schonn am Joer 2018 ganz knapp laanscht de Podium gefuer war. Och e Samschdeg erwaart ee sech eng spannend Course.
Um 15 Auer ginn d’Dammen e Samschdeg un den Depart vun der Weltmeeschterschaft. Virun 2 Joer gouf et fir d’Lëtzebuerger Championne an Holland am decke Bulli eng excellent 4. Plaz. Och dës Saison schéngt d’Form vun der Sportzaldotin nees am richtege Moment do ze sinn. Mat enger staarker 4. Plaz beim Weltcup zu Nommay a Frankräich virun 2 Wochen an enger Victoire de leschte Samschdeg zu Zonnebeke an der belsch huet den Training aus de leschte Woche seng Friichte gedroen. E Sonndeg beim Weltcup zu Hoogherheide huet de Réck awer Problemer gemaach.
De Parcours selwer op engem Militärfluchhafen ass relativ flaach an 3,2 Kilometer laang. Mat vill Wiss, déi mam Reen aus de leschte Stonne bestëmmt nach vill méi déif gëtt, a schwéier ze fuere wäert sinn, waarden awer och mat e puer Brécken kënschtlech Obstakelen op d’Athleten. Wat um Plang relativ einfach ausgesinn huet gouf e Samschdeg vu villen Experten, wann och net alt ze technesch, mä awer extrem schwéier ageschat.
Den Ufank fir d’Lëtzbuerger Delegatioun mécht e Samschdeg de Moien déi jonk Marie Schreiber, déi bei der Première vun enger Junior-Damme-Course bei der Weltmeeschterschaft gutt Chancen huet, ee excellent Klassement ze maachen. E Sonndeg stinn dann nach mat Wenzel, Wallenborn, Ury a Paquet 4 Lëtzebuerger Junior-Männer um Depart, déi awer alleguer aus enge vun den hënneschte Reie fortfueren.
Wéi d’Lëtzebuerger Coureuren ofschneiden, gitt Dir bei eis um Internet an um Radio gewuer. Bei der Dammecourse si mir vu 14.55 Auer un e Samschdeg de Mëtteg op der Tëlee an am Stream live fir Iech dobäi.
Weider Informatiounen iwwert d’WM fannt Dir um offiziellen Internetsite.