Skoda Tour de Luxembourg: 3.Etapp Christophe Laporte muss opginn
RTL Lëtzebuerg
De Leader am Generalklassement war an der 3.Etapp vu Munneref op Dikrech gezwongen opzehalen.
Update: 08.06.2019 16:55
Grond dofir ware Problemer mam Mo, mat deenen et fir de Fransous net méiglech war déi lescht ronn 60 Kilometer ze Enn ze fueren. De Coureur vu Cofidis hat sech souwuel am Prolog wéi och op der 1. Etapp duerchgesat.