Tour de France: 19. EtappChristophe Laporte suergt fir éischt franséisch Victoire

RTL Lëtzebuerg
Op der leschter Etapp virum Contre la Montre ass et iwwert 188,5 Kilometer vu Castelnau-Magnoac op Cahors gaangen.
Tour de France - 19. Etapp (Resumé)
Christophe Laporte suergt fir éischt franséisch Victoire.

D’Etapp vun e Freideg war am Verglach zu deene leschten Etappe manner intensiv, awer dofir eng vun deene längsten Etappe vum ganzen Tour. Doduerch datt de Profil vun der Etapp relativ flaach war, war et och kenger Echappée vergonnt, op laang Siicht eleng un der Spëtzt fortzefueren. Déi lescht Coureuren, déi sech aus dem Stëbs gemaach haten, konnte vum Peloton gutt ee Kilometer virun der Arrivée agefaange ginn, soudatt d’Decisioun ëm d’Etappevictoire am leschte Kilometer fale sollt. Do konnt sech kuerz virum wäisse Stréch de Christophe Laporte ofsetzen, deen d’Course och gewanne sollt. Am Sprint goufen dunn d’Plazen Zwee an Dräi ausgemaach. Do konnt sech de Jasper Philipsen virum Alberto Dainese duerchsetzen. Alle béid mat enger Sekonn Retard op de Laporte.

De Pogacar gewënnt iwwerdeems e puer Sekonnen op de Vingegaard, mä am General ännert sech un de Positiounen näischt.

De Bob Jungels kënnt als 40. mat 25 Sekonne Retard un. De Kevin Geniets gëtt de 89. op 2 Minutten an 39 Sekonnen. De Bob Jungels gewënnt eng weider Plaz am General, dëst well de Mas huet missen opginn. Do ass de Bob Jungels elo den 12. op 42 Minutten an 47 Sekonnen. De Kevin Geniets ass elo de 50. op 2 Stonnen, 45 Minutten an 17 Sekonnen.

De Replay vun der Etapp

Tour de France - 19. Etapp (Replay)
Kuckt déi ganz Etapp am Replay.

Resultat

General

Back to Top
CIM LOGO