
Et war déi éischt Course fir d’Claire Faber no senger schwéierer Blessur an dës konnt et dann och direkt op der Bunn gewannen. Zu Büttgen a Nordrhein-Westfalen gouf dës Course iwwer 2 Weekender ausgedroen. Op d’Plazen 2 an 3 kommen déi zwou däitsch Cyclistinnen Alina Lange a Finja Smekdal.
Bei de Junioren koum de Jérôme Jentgen op déi 3. Plaz.