Flèche du Sud: 3. EtappCoen Vermeltfoort Etappegewënner - d'Team Waoo reklaméiert

RTL Lëtzebuerg
Den Hollänner konnt sech am Sprint géint de Michael Svendgaard a Lukas Rüegg behaapten. De Pit Leyder ass op déi 11. Positioun gefuer.
De Jacques Joseph mat der 3. Etapp vun der Flèche du Sud
No der 3. Etapp blouf de Quinten Hermans Leader am General.

Dat offiziellt Resultat

Zwar war de Coen Vermeltfoort vun dem Alecto Cyclingteam am Sprint zu Réiser dee Séiersten, seng Victoire e Samschdeg war awer laang net am Stee gemeesselt. D’Team Waoo hat den Hollänner nämlech beschëllegt, sech wärend der Course un engem Auto ugehalen ze hunn, fir nees zeréck an de Peloton ze fannen.

Am Laf vum Owend koum awer vun den Organisateure vun der Flèche du Sud dat offiziellt Resultat, dat de Vermeltfoort als Etappevainqueur bestätegt huet.

Déi offiziell 10 Éischt:

1. Coen VERMELTFOORT (Alecto Cyclingteam)

2. Michael Carbel SVENDGAARD (Team Waoo)

3. Lukas RÜEGG (Swiss Racing Academy)

4. Christoffer LISSON (BHS-Almeborg Bornholm)

5. Jason VAN DALEN (Metec-TKH p/b Mantel)

6. Jens ADAMS (Pauwels Sauzen - Bingoal)

7. Frantisek SISR (Elkov-Author)

8. Jannik STEIMLE (Team Vorarlberg-Santic)

9. Timo DE JONG (VolkerWessels-Merckx)

10. Tom PAQUOT (Wallonie-Bruxelles Development Team)

De Quinten Hermans bleift iwwerdeems am General den Éischten.

De beschte Lëtzebuerger gouf iwwerdeems de Pit Leyder. De Coureur vun der Leopard Pro Cycling Ekipp konnt sech am Sprint als 11. placéieren. Am General ass de Leyder elo den 48. op 16 Minutten a 25 Sekonnen. Do virdrun op der 46. Positioun steet iwwerdeems den Ivan Centrone - säin Ecart ass eng Sekonn méi niddreg.

Klengen Iwwerbléck vun der Course

Bei herrleche Wiederkonditiounen ass e Samschdeg déi 3. Etapp vun de Flèche du Sud gefuer ginn, déi dëst Joer virun allem vum Quinten Hermans dominéiert gëtt.

Eng 35 Kilometer virum Zil waren awer 4 Mann vir an engem Grupp: Ivar Slik, Emil Toudal, Sjoerd Bax an Daan Soete. De Peloton hannendrun ass awer vu Kilometer zu Kilometer ëmmer méi no koum an esou konnt een op en Neits op eng Attack vum Belsche Coureur rechnen.

Um Enn huet alles no engem Massesprint vun engem 60-70 Mann-Peloton ausgesinn. Ronn 3 Kilometer virun der Ligne d’Arrivée koum et beim Hermans zu engem technesche Problem an esou ass de Belsch als Leader vum General net méi fir eng Victoire vun der 3. Etapp a Fro komm. Op de leschte Meteren hat de Coen Vermeltfoort déi séierste Been a soumat war dem 31 Joer alen Hollänner d’Victoire zu Réiser net méi ze huelen.

Kuerz virun der Ligne d’Arrivée koum et zu enger Chute, an déi eng Rëtsch Coureuren dra verwéckelt waren.

D’Team Waoo huet iwwerdeems eng Reklamatioun iwwert d’Victoire vum Vermeltfoort virgeluecht - de Vainqueur hätt sech hirer Meenung no un engem Auto festgehalen, fir nees zeréck an d’Haaptfeld ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO