
Nodeems d’Editioun 2019 huet misse wéinst de schlechte Wiederkonditiounen ofgesot ginn, goung et e Sonndeg op d’Editioun 2020. Um Programm vum Grand Prix de la Ville de Lilliers an Nordfrankräich stoungen dëst Joer 10 Tier à 18,6 Kilometer.
Mat dobäi waren och 4 Lëtzebuerger: de Colin Heiderscheid, de Luc an Tom Wirtgen an den Arthur Kluckers. Si konnte sech als 8., 23., 33. an 41. klasséieren an haten ee Retard vu 5 Sekonnen op de Fransous Florian Vachon.
De Podium gouf vum Arjen Livyns an Thibault Guernalec completéiert.