Giro d'Italia: 20. EtappCovi wënnt Kinneksetapp - Hindley iwwerhëlt Féierung am General

RTL Lëtzebuerg
Op der Kinneksetapp wënnt den Alessandro Covi en solitaire an den Jay Hindley iwwerhëlt d'Féierung am General no Attack um leschte Bierg.
© AFP

Op der 20. an domadder der zweetleschter Etapp stoung d’Kinneksetapp um Programm bei där et iwwer 168 km vu Belluno op Marmolada (Passo Fedaia) gaangen ass. Zwee Bierger vun der 1. Kategorie, wouvun op engem d’Arrivée war, an ee vun der “Hors Catégorie” gouf et ze iwwerwannen. Nodeems den Alessandro Covi (UAE Team Emirates) laang eleng un der Spëtzt louch a staark géint seng Verfolger wiere konnt, huet sech den Italiener um Enn virum Domen Novak (Bahrain-Victorious) duerchgesat.

Am General louch den Jai Hindley (Bora-hansgrohe) just 3 Sekonnen hannert dem Richard Carapaz (Ineos Grenadiers). Um leschte Bierg huet den Australier da seng Chance ergraff, huet eng Attack realiséiert an op déi hat de Richard Carapaz keng Äntwert parat. Um Enn konnt sech den Jai Hindley däitlech ofsetzen an iwwerhëlt d’Féierung am General an dat mat engem Virsprong vun 1 Minutt an 28 Sekonnen.

Op der leschter Etapp um Sonndeg steet en Zäitfueren vu 17,4 km um Programm.

D’Klassement vun der Etapp

1 COVI Alessandro UAE Team Emirates 4:46:34
2 NOVAK Domen Bahrain - Victorious +0:32
3 CICCONE Giulio Trek - Segafredo +0:37
4 PEDRERO Antonio Movistar Team 12 25 1:36
5 ARENSMAN Thymen Team DSM +1:50
6 HINDLEY Jai BORA - hansgrohe +2:30
7 LEEMREIZE Gijs Jumbo-Visma +3:04
8 CARTHY Hugh EF Education-EasyPost +3:19
9 LANDA Mikel Bahrain - Victorious ,,
10 KÄMNA Lennard BORA - hansgrohe +3:39

De General

1 HINDLEY Jai BORA - hansgrohe 86:07:19
2 CARAPAZ Richard INEOS Grenadiers +1:25
3 LANDA Mikel Bahrain - Victorious +1:51
4 NIBALI Vincenzo Astana Qazaqstan +7:57
5 BILBAO Pello Bahrain - Victorious +8:55
6 HIRT Jan Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux +9:07
7 BUCHMANN Emanuel BORA - hansgrohe +11:18
8 POZZOVIVO Domenico Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux +16:04
9 LÓPEZ Juan Pedro Trek - Segafredo +17:29
10 CARTHY Hugh EF Education-EasyPost +17:56

Back to Top
CIM LOGO