Tour de France: 13. EtappDani Martinez wënnt Etapp, Roglic bleift a Giel

RTL Lëtzebuerg
Op der 13. Etapp ass et e Freideg iwwer ganz schwéier 191,5 Kilometer vu Châtel-Guyon op Puy Mary Cantal gaangen.

D’Victoire konnt sech um Enn den Dani Martinez sécheren. Hie war ee vun de 17 Coureuren, déi et an d’Echappée vum Dag gepackt haten. De Martinez konnt sech mat engem Virsprong vu 4 Sekonne virum Lennard Kämna duerchsetzen. De Maximilian Schachmann ass mat engem Retard vun 51 Sekonnen als Drëtten ukomm.

Am Grupp vun de Favoritten hunn de Romain Bardet, dee 86 Kilometer virun der Arrivée gefall war, an de Guillaume Martin als éischt misse lassloossen. Déi aner Favoritte si bis op déi lescht Kilometer zesumme bliwwen. Do huet dunn den Tadej Pogacar attackéiert an nëmmen de Primoz Roglic konnt säi Rad halen. De Maillot Jaune an deen aner Slowen si mat engem Retard vu 6 Minutten a 5 Sekonnen als 12. an 13. iwwer d’Arrivée gefuer.

Am General bleift de Roglic domadder un der Spëtzt. Hien huet eng Avance vu 44 Sekonnen op säi Landsmann Pogacar. Op der drëtter Plaz läit den Egan Bernal. Hien huet e Retard vun 59 Sekonnen. Aus den Top10 sinn de Bardet an de Martin erausgefall.

De Bob Jungels huet an der zweetleschter Schwieregkeet vum Dag misse lassloossen. Um Enn hat de Lëtzebuerger als 47. e Retard vun 18 Minutten a 24 Sekonnen. Am General ass et elo déi 52. Plaz op iwwer eng Stonn an 23 Minutten.

Dani Martinez wënnt Etapp, Roglic bleift a Giel
Op der 13. Etapp vum Tour de France ass et e Freideg iwwer ganz schwéier 191,5 Kilometer vu Châtel-Guyon op Puy Mary Cantal gaangen.

De Resumé

Um Freideg hunn op der 13. Etapp 191,5 Kilometer op d’Coureure gewaart. Mat 4.500 Héichtemeter war et op alle Fall emol um Pabeier déi schwéiersten Etapp vum Tour 2020.

Am Ufank huet et e bësse gedauert bis sech d’Echappée forméiert huet. Ëmmer nees si Coureuren aus der Echappée erausgefall an anerer si bäi komm, well et direkt e puer Gruppe gouf. Um Enn huet sech e 17 Mann staarke Grupp un der Spëtzt forméiert. Mat dobäi waren ënnert anerem de Maximilian Schachmann, de Lennard Kaemna, den Dan Martin, den Dani Martinez, de Marc Soler, de Pierre Rolland oder och nach de Julian Alaphilippe.

De Peloton huet d’Echappée fuere gelooss, sou datt de Virsprong ëmmer méi grouss ginn ass. E Schreckmoment gouf et 86 Kilometer virun der Arrivée. Hei gouf et nämlech eng Chute am Peloton an e puer Classement-Fuerer ware betraff. De Romain Bardet, den Nairo Quintana an de Bauke Mollema sinn op de Buedem gaangen. Bardet a Quintana konnte kuerz drop nees weider fueren a kruten och nees den Uschloss un de Peloton. Fir den Hollänner war den Tour de France mat der Chute allerdéngs eriwwer. Hie konnt net méi weiderfueren.

Bis 60 Kilometer virun der Arrivée ass d’Avance vun der Echappée op iwwer 9 Minutten an d’Luucht gaangen. Et huet duerno ausgesinn, wéi wann d’Classement-Fuerer de Coureuren am Spëtzegrupp d’Victoire um Freideg géingen iwwerloossen.

Eng 40 Kilometer virun der Arrivée ass den Tempo am Peloton lues awer sécher eropgaangen. Ineos huet sech un d’Spëtzt gesat a fir hire Kapitän Egan Bernal d’Vitesse héich gehalen. Am Peloton mat dobäi war deen Ament och nach de Bob Jungels. Fir de Lëtzebuerger gouf et op der 13. Etapp keng ganz grouss Aufgaben, dat well mam Alaphilippe säi Coequipier, fir deen hie muss fueren, an der Echappée vum Dag war.

Wat d’Zil méi no komm ass, wat och d’Nervositéit am Spëtzegrupp geklommen ass. Fir d’éischt war et eng Attack vum Powless eng 38 Kilometer virun der Arrivée. Hie konnt sech eng kleng Avance erausfueren. Kuerz drop huet de Schachmann nogesat a konnt bei den US-Amerikaner opschléissen. 25 Kilometer virun der Arrivée hat sech den Duo e Virsprong vu 36 Sekonnen op déi aner Verfolger erausgefuer. De Peloton mat all de Favoritte gouf deen Ament op gutt 9 Minutten an 30 Sekonne gemooss.

Um Fouss vum Col de Néronne, der zweetleschter Schwieregkeet vum Dag, konnt de Rowless net méi mam Tempo vum Schachmann mathalen an huet misse lassloossen. Den Däitschen hat weider e gudden Trëtt a säi Virsprong louch 16 Kilometer virun der Arrivée bei enger Minutt a 14 Sekonnen op de Grupp mat de Verfolger, wou jo ënnert anerem den Alaphilippe mat dra war. De Peloton, deen op gutt 9 Minutte gemooss gouf, ass dann och ëmmer méi kleng ginn, ma d’Favoritte waren nach all mat dobäi. De Bob Jungels huet hei misse lassloossen.

De Schachmann ass als Éischten iwwert de Col de Néronne gefuer, dat mat enger Avance vun 32 Sekonnen op de Kämna an de Martinez. Am Bierg vun der 2. Kategorie ass de Peloton ëmmer méi kleng ginn. De Romain Bardet, Thibault Pinot a Guillaume Martin konnten net méi mam Tom Dumoulin, Sepp Kuss, Primoz Roglic, Richard Carapaz, Egan Bernal, Nairo Quintana, Rigoberto Urán, Tadej Pogacar, Adam Yates, Miguel Ángel López, Mikel Landa an dem Richie Porte mathalen an hu misse lassloossen.

Op deene leschte Kilometer vun der Etapp ass et nach eng Kéier richteg schwéiere gi fir d’Coureuren. Bis zu 15 Prozent hat d’Steigung erop op de Puy Mary Cantal. 1,3 Kilometer virum Zil gouf de Schachmann vun sengem Coequipier Kämna an dem Martinez agefaangen. Déi dräi sinn zesummen op de leschte Kilometer gaangen. De Schachmann huet als Éischte misse lassloossen. Op de leschten 150 Meter huet de Kämna de Sprint ugezunn, ma de Martinez konnt konteren an huet sech d’Victoire geséchert.

Am Grupp mat de Favoritten koum et op de leschte Kilometer och zu Attacken an et waren de Roglic an de Pogacar, déi déi aner Favoritten distanzéieren an hinnen Zäit ofhuele konnten. Si sinn als 12. an 13. op 6 Minutten a 5 Sekonnen iwwert de wäisse Stréch gefuer.

Am General bleift de Roglic domadder un der Spëtzt. Hien huet elo eng Avance vu 44 Sekonnen op säi Landsmann Pogacar. Op der drëtter Plaz läit den Egan Bernal. Hien huet e Retard vun 59 Sekonnen.

De Bob Jungels huet op der 13. Etapp als 47. 18 Minutten a 24 Sekonne verluer. Am General ass et elo déi 52. Plaz op iwwer eng Stonn an 23 Minutten.

D’Top10

1 Daniel Martinez 5:01:47
2 Lennard Kämna +0:04
3 Maximilian Schachmann +0:51
4 Madouas +1:33
5 Rolland +1:43
6 Edet +1:53
7 Geschke +2:35
8 Soler +2:43
9 Carthy +3:18
10 De La Cruz +3:52
11 Dan Martin +4:31
12 Roglic +6:05
13 Pogacar +6:05
14 Porte +6:18
15 Landa +6:18
16 Lopez +6:21
17 Powless +6:29
18 Bernal +6:43
19 Uran +6:43
20 Yates +6:45

De General

1 Roglic
2 Pogacar +0:44
3 Bernal +0:59
4 Uran +1:10
5 Quintana +1:12
6 Lopez +1:31
7 Yates +1:42
8 Landa +1:55
9 Porte +2:06
10 Mas +2:54

Back to Top
CIM LOGO