No den Hären ass et un den DammenD'Christine Majerus ass ganz gespaant op den Tour de France

RTL Lëtzebuerg
En Sonndeg fänkt den Tour de France fir d'Dammen un. Aacht Etappe stinn dobäi um Programm. Aus Lëtzebuerger Siicht ass d'Christine Majerus mat dobäi.
© Screenshot Team SD Worx

Den Tour de France vun den Damme gouf et schonns an der Vergaangenheet. Allerdéngs war den Interessi souwuel bei de Medien, ewéi och bei de Spectateuren, éischter kleng. Mam Renouveau soll dat awer elo anescht ginn. D’Organisateuren hu wëlles, aus dem Dammen Tour de France den Highlight vun der Saison fir den Dammecyclissem ze maachen. Am Peloton géif een dat schonns am Virfeld mierken, seet d’Christine Majerus.

“Fir all d’Ekippen ass et dat gréissten Zil an der Saison. Ech mierken och, datt jiddwereen nach een Tick méi motivéiert ass fir den Tour de France, deen elo usteet. Ech si ganz gespaant, wat dat fir eng Course gëtt. Normalerweis ass net jiddwereen am Peloton esou motivéiert fir d’Courssen.”

D’Ekipp vum Christine Majerus, SD Worx, zielt iwwerdeems zu de stäerksten am Peloton. Am Tour de France géif een dowéinst och mat enger duebeler Spëtzt un den Depart goen.

“Demi Vollering an d’Ashleigh Moolmann fueren op den zwou leschten Etappen op de General. Ech muss op den éischten Etappen e bësse Babysitten, wann een et däerf esou nennen.”

Nieft dem Maillot Jaune wéilt d’Ekipp vum Christine Majerus allerdéngs och de Maillot fir déi beschte Sprinterin gewannen.

“Mir hu mam Lotte Kopecky eng Coureurin, wat wëll op de grénge Maillot fueren. Do steet dann och e bëssen Aarbecht un, wat Tëschesprinter ugeet.”

D’Christine Majerus selwer hofft, fir sech op der enger oder anerer Etapp eng Kéier kënnen ze weisen.

“Ech sinn um Depart, fir esou gutt wéi méiglech kënnen ze hëllefen. Wann ech op enge vun den Etappen an der Mëtt kann an eng Echappée goen, wier ech méi wéi zefridden.”

Den Depart vum Tour de France fir d’Dammen ass e Sonndeg. D’Arrivée ass genee eng Woch méi spéit op der Planche des Belles Filles.

Back to Top
CIM LOGO