Esou gouf et viru Kuerzem eng Victoire zu Büttgen an Nordrhein Westfalen. Ma Vëlo op der Bunn ze fueren, ass eng ganz speziell Disziplin. Net nëmme fiert ee mat engem Vëlo ouni Bremsen, just enger Iwwersetzung an ouni Freilauf. Nee, d’Lëtzebuerger Delegatioun muss dacks bis zu 3 Stonnen ënnerwee sinn, fir op eng Bunn ze kommen, wou ee fuere kann.
En Zil vum Claire Faber ass et, fir 2024 bei den olympesche Spiller zu Paräis dobäi ze sinn. Bis dohi wier et flott, wann déi jonk Sportlerin am Lëtzebuerger Vëlodrom kéint trainéieren.