
Déi 110. Editioun start den 1. Juli.
No 1992 zu San Sebastian, ass et déi zweete Kéier iwwerhaapt, dass den Tour de France a Spuenien lancéiert gëtt. D’Grande Boucle start net wéi deemools mat engem Zäitfueren, mä mat enger “normaler” Etapp, wou den Depart an d’Arrivée zu Bilbao sinn. Déi zweet Etapp soll iwwerdeems och komplett duerch dat hiwwelegt Baskeland goen, ier et dann op der drëtter Etapp a Richtung Frankräich geet.
Den Tour de France 2021 start de 26. Juni zu Brest an der Bretagne.