Wéinst CoronavirusDe Fréijoersklassiker Mailand-Sanremo ass ofgesot

RTL Lëtzebuerg
Och d'Course Strade Bianche an de Marathon vu Paräis goufen ofgesot respektiv verluecht.
© AFP-Archiv

E Freideg an der Mëttesstonn war et d’Nouvelle, datt de Vëlosklassiker Mailand-San Remo, deen den 21. Mäerz gefuer sollt ginn, wéinst der Epidemie ofgesot ass. Dat deelen d’Organisateuren mat. Och den Tirreno-Adriatico, dee fir d’nächst Woch programméiert war gëtt net gefuer, grad wéi den Giro di Sicilia.

D’Coursë solle wa méiglech zu engem spéideren Zäitpunkt nogeholl ginn. D’World-Tour-Course Strade Bianchi gouf schonn um Donneschdeg ofgesot.
E Samschdeg sollt mat der Strade Bianche, deen éischte grousse Klassiker vun der Vëlos-Saison sinn. D’Organisateuren hunn awer elo matgedeelt, datt d’Course uewen an Italien wéinst dem Coronavirus net gefuer gëtt. Virdrun hate schonns eng Partie Ekippen decidéiert, net méi an Italien un den Depart ze goen. De Bob Jungels an de Michel Ries sollten un den Depart goen.

Och den Paräis Marathon gëtt net gelaf. E gouf op den 18. Oktober verluecht.

Back to Top
CIM LOGO