VëlosfederatiounDe Jempy Drucker gëtt neien Nationaltrainer

RTL Lëtzebuerg
Dat huet d’Vëlosfederatioun um Mëttwoch offiziell matgedeelt.
De Jempy Drucker gëtt neien Nationaltrainer
De fréiere Profi soll Aufgaben esouwuel op der Strooss wéi och am Cyclocross iwwerhuelen.

De fréiere Profi soll Aufgaben esouwuel op der Strooss wéi och am Cyclocross iwwerhuelen. Bis dat leschte Joer ass de Jempy Drucker nach fir déi franséisch Formatioun Cofidis gefuer.

Den 20. Januar hat d’Federatioun matgedeelt, dass de Kontrakt mam Christian Swietlek net géif verlängert ginn. Hie war 12 Joer laang Nationaltrainer an zanter dem 1. Februar hat d’FSCL keen Nationaltrainer méi.

No Entloossung vum Nationaltrainer: Vëlosfederatioun wëllt sech Zäit loossen, fir déi richteg Persoun ze fannen (22.01.2022)

Back to Top
CIM LOGO