
Um Enn konnt de lëtzebuergesche Coureur Kevin Geniets vu Groupama - FDJ sech am Sprint virum Fransous Alex Baudin duerchsetzen, mat deem hien an der Echappée war.
No 4 Stonnen, 7 Minutten an 52 Sekonnen huet de Geniets domat fir den Optakt vun der Saison déi éischt Manche vun der franséischer Coupe fir sech entscheet. Drëtten ass de Kévin Vauquelin ginn.