Tirreno-AdriaticoDe Lucas Hamilton gewënnt déi 4. Etapp

RTL Lëtzebuerg
De Fausto Masnada ass op der Etapp, déi iwwert 194 Kilometer vun Terni op Cascia gaangen ass, deen Zweete ginn. De Michael Woods bleift Leader am General.

Op der 4. Etapp vum Tirreno-Adriatico huet sech de Lucas Hamilton am Sprint d’Victoire geséchert. De Fausto Masnada ass als Zweeten iwwert d’Arrivée gefuer. Op der drëtter Plaz huet sech de Michael Woods klasséiert. Hie bleift domadder Leader am General. De Woods huet hei eng Avance vun 9 Sekonnen op de Rafal Majka.

Den Alex Kirsch ass en Donneschdeg als 70. mat engem Retard vun 11 Minutten an 32 Sekonnen iwwert de wäisse Stréch gefuer. Am General ass de Lëtzebuerger de 84. op 27 Minutten an 12 Sekonnen.

Déi 10 éischt vun der 4. Etapp:

1 Hamilton Lucas (Mitchelton-Scott) 4:46:22
2 Masnada Fausto (Deceuninck - Quick Step) ,,
3 Woods Michael (EF Pro Cycling) 0:10
4 Vlasov Aleksandr (Astana Pro Team) ,,
5 Thomas Geraint (INEOS Grenadiers) ,,
6 Kelderman (Wilco Team Sunweb) ,,
7 Haig Jack (Mitchelton-Scott) ,,
8 Majka Rafał (BORA - hansgrohe) ,,
9 Knox James (Deceuninck - Quick Step) ,,
10 Yates Simon (Mitchelton-Scott) ,,

Déi 10 éischt am General:

1 Woods Michael (EF Pro Cycling) 18:05:52
2 Majka Rafał (BORA - hansgrohe) 0:09
3 Masnada Fausto (Deceuninck - Quick Step) 0:18
4 Hamilton Lucas (Mitchelton-Scott) 0:27
5 Kelderman Wilco (Team Sunweb) 0:30
6 Thomas Geraint (INEOS Grenadiers) 0:34
7 Yates Simon (Mitchelton-Scott) ,,
8 Vlasov Aleksandr (Astana Pro Team) ,,
9 Haig Jack (Mitchelton-Scott) 0:47
10 Knox James (Deceuninck - Quick Step) ,,

Back to Top
CIM LOGO