
De Noah Hobbs huet sech bei den Hären no 188,6 Kilometer, déi vun Aoste op Saint-Galmier gefuer goufen, am Sprint virum Davide Donati an dem Cesar Macias duerchgesat. De Lëtzebuerger Mathieu Kockelmann gouf de 5.. De Mil Morang huet sech op der 15. Plaz klasséiert. An der selwechter Zäit wéi de Gewënner koum den Alexandre Kess op déi 34. Plaz. Den Arno Wallenborn (+7 Sekonnen), den Noé Ury (+ 7 Minutten an 51 Sekonnen) an de Mats Berns (+10 Minutten an 39 Sekonnen) sinn op de Plaze 86, 129 an 137 iwwer d’Arrivée gefuer.
Am General bleift de Paul Seixas op der 1. Plaz. De Wallenborn ass op der 37. Plaz de beschte Lëtzebuerger. Morang, Kockelmann a Kess stinn op de Plazen 82, 85 a 87. Ury a Berns leien am General op de Plazen 127 an 139.
Bei den Damme goung et iwwer knapp 130 Kilometer vu Saint-Vulbas op Saint-Galmier. Um Enn gouf et e Massesprint, dee vun der Franséisin Célia Gery virum Eleonora Ciabocco an dem Fleur Moors gewonne gouf. D’Marie Schreiber an d’Liv Wenzel sinn zäitgläich mat der Gewënnerin op de Plazen 12 a 15 iwwer d’Arrivée gefuer. D’Gwen Nothum huet sech op der 69. Plaz mat engem Retard vun 8 Minutten a 50 Sekonne placéiert.
Am General bleift d’Isabella Holmgren op der 1. Plaz. D’Marie Schreiber an d’Liv Wenzel stinn do op de Plaze 26 a 34. D’Gwen Nothum ass do op der 64. Plaz.