
Déi 3. Etapp, déi vu Follonica op Saturnia iwwert 217 Kilometer gefuer gouf, war déi längsten Etapp vum Tirreno-Adriatico 2020. De Michael Woods an de Rafal Majka hat sech eleng un d’Spëtzt gesat an hunn um Enn d’Victoire ënnert sech ausgemaach. De Woods hat op der Arrivée déi séierste Been an huet sech d’Victoire geséchert.
De Pascal Ackermann an de Fernando Gaviria ware scho 70 Kilometer virun der Arrivée net méi am Peloton. Domadder ass de Michael Woods elo den neie Leader am General, dat virum Rafal Majka.
Den Alex Kirsch ass op der 108. Plaz iwwert d’Arrivée gefuer an hat e Retard vu 15 Minutten an enger Sekonne. Am General ass hien den 108. op 15 Minutten a 46 Sekonnen.
Déi nächst Etapp gëtt e Donneschdeg vun Terni bis op Cascia iwwert 194 Kilometer gefuer.
1 Woods Michael (EF Pro Cycling) 5:19:46
2 Majka Rafał (BORA - hansgrohe) 0:01
3 Kelderman Wilco (Team Sunweb) 0:20
4 Konrad Patrick (BORA - hansgrohe) ,,
5 Vlasov Aleksandr (Astana Pro Team) ,,
6 Henao Sergio (UAE-Team Emirates) ,,
7 Kangert Tanel (EF Pro Cycling) ,,
8 Masnada Fausto (Deceuninck - Quick Step) ,,
9 Fuglsang Jakob (Astana Pro Team) ,,
10 Thomas Geraint (INEOS Grenadiers) ,,
1 Woods Michael (EF Pro Cycling) 13:19:24
2 Majka Rafał (BORA - hansgrohe) 0:05
3 Kelderman Wilco (Team Sunweb) 0:26
4 Thomas Geraint (INEOS Grenadiers) 0:30
5 Konrad Patrick (BORA - hansgrohe) ,,
6 Henao Sergio (UAE-Team Emirates) ,,
7 Masnada Fausto (Deceuninck - Quick Step) ,,
8 Kangert Tanel (EF Pro Cycling) ,,
9 Yates Simon (Mitchelton-Scott) ,,
10 Vlasov Aleksandr (Astana Pro Team) ,,