CyclissemDe Sören Nissen plangt, d'Cyclocross-Saison ze fueren

RTL Lëtzebuerg
De Sören Nissen zielt zu de beschte Marathon-Mountainbiker op der Welt. Déi leschte Méint waren awer och fir hie ganz komplizéiert.
© pressphoto Archiv

D’Coursse goufen eng no där anerer wéinst dem Covid-19 ofgesot. De gebiertegen Dän, deen awer elo déi Lëtzebuerger Nationalitéit huet, hofft, dass vum August un nees dierfe Coursse gefuer ginn. Dat wier dann eng ganz kuerz Saison. An dofir spillt hien elo mam Gedanken, dat komplett Cyclocross-Championnat bei eis am Land ze fueren.

De Sören Nissen

Wann d’Mountainbike-Saison dëst Joer ganz kuerz gëtt, da wär d’Cyclocross-Saison hei zu Lëtzebuerg och een Zil. Ech mengen, dat si méi kleng Eventer, do kann ee vermeiden, dass vill Leit op ee Koup kommen. Dat wier méiglech, dat als Zil fir dëse Wanter ze setzen. 2018 war ech zu Käl Landesmeeschter ginn. Firwat net als Zil, nees den Trikot ze huelen? Dat wier eng flott Saach am Wanter.”, esou de Sören Nissen.

Back to Top
CIM LOGO