Flèche du Sud: 4. EtappDe Steimle wënnt déi lescht Etapp, den Hermans de General

RTL Lëtzebuerg
Déi leschten Etapp vun der 70. Editioun vun der Flèche du Sud war nom Sprint fir de Jannik Steimle - de General konnt de Quinten Hermans wannen.

Etappegewënner

De Jannik Steimle konnt sech déi leschten Etapp vun der Flèche du Sud am Sprint sécheren. Den Däitsche war méi séier wéi de Michael Svendgaard op Positioun 2 an den Ivar Slik op Plaz 3. Ganz no um Podium vun der Etappevictoire e Sonndeg war iwwerdeems de Colin Heiderscheid - de Lëtzebuerger ass op der Positioun 4 gelant.

General

De Quinten Hermans konnt déi 70. Editioun vun der Flèche du Sud gewannen. Op den 2. Träpplek um Podium konnt den Toon Aerts klammen, säi Réckstand op den Hermans loung bei 14 Sekonnen. De Stef Krul koum op déi 3. Plaz a war um Enn 1 Minutt an 22 Sekonne méi lues wéi de Schlussgewënner.

Beschte Lëtzebuerger gouf den Ivan Centrone - säin Ecart op de Spëtzemann ware 16 Minutten a 24 Sekonenn. De Pit Leyder gouf iwwerdeems de 47. am General, dat eng Sekonn hannert dem Centrone.

FOTO: Schlussklassement vun der Flèche du Sud

Iwwerbléck vun der Etapp

Op der 4. a leschter Etapp vun der Flèche du Sud goung et bei hëtzege Wiederkonditiounen iwwer 138 Kilometer vu Keel op Esch. 35 Kilometer virun der Arrivée ware 4 Mann vir - den Owen James, Adne Koster, Raphaël Krähemann a Sascha Weber vum LC Téiteng krute vum Peloton eng Avance vu knapps enger Minutt zougestanen.

D’Haaptfeld huet et awer fäerdegbruecht, dëse Quartett ronn 20 Kilometer virum Zil anzefänken, deemno gouf et ee Regroupement général. Nei Attacke goufe kuerz drop lancéiert an et war de Matthias Reutimann, dee mat enger Tempoverschäerfung aus dem Haaptfeld eraus op sech opmierksam maache konnt. De 24 Joer ale Schwäizer konnt eng Avance vu ronn enger hallwer Minutt erausfueren.

De Schäizer gouf awer nees agefaangen a sou goung et, wéi schonn d’Deeg virdrun, an de Sprint. Hei hat de Jannik Steimle déi stäerkste Been, soudatt sech den 23 Joer ale Coureur vum Team Vorarlberg-Santic virun der Konkurrenz behaapte konnt.

Am General huet sech iwwerdeems näischt méi geännert - dee konnt sech de Quinten Hermans vun der Formatioun Telenet Fidea Lions sécheren.

Back to Top
CIM LOGO