
Bis dohi profitéiert een am Moment dovun, och déi verschidde Parcoursen a wichteg Deeler vun de Klassiker ofzefueren. Besonnesch Coursse wéi den Tour des Flandres a Paris-Roubaix si fir déi Belsch Ekipp vu grousser Wichtegkeet.
De Bob Jungels selwer ass och fir dës Coursse virgesinn a kéint als ee vun de Kapitäne vu senger Ekipp un de Depart goen. Den Tour des Flandres ass fir den 18. Oktober virgesinn, iwwerdeems Paris-Roubaix eng Woch méi spéit geplangt ass.
01.08 Strade Bianche (live op RTL)
08.08 Il Lombardia
12.08 – 16.08 Critérium du Dauphiné (live op RTL)
29.08 – 20.09 Tour de France (live op RTL)