
Bei der Eendagescourse, déi iwwer 96 Kilometer goung, waren zwee Tier ze fueren a souwuel den Depart ewéi och d’Arrivée waren zu Nice. Eng vun de wichtegste Passagen an der Course war d’Côte de Rimiez, déi et direkt zwee Mol ze bewältege gouf.
Direkt nom Depart stoung dann och dës Montée, déi sech iwwer knapp 8 Kilometer zitt, direkt um Programm. Hei sollt sech eng éischten Echappée vu 6 Damme forméieren, ënnert deenen och d’Lëtzebuerger Championne Christine Majerus war, déi esouguer als Éischt d’Kopp vun der Côte de Rimiez erreecht hat.
Dës Echappée sollt awer kee Succès hunn a sou goufe si och erëm agefaangen. Duerno war et d’Weltmeeschterin Annemiek van Vleuten, déi beim zweete Passage vun der Côte de Rimiez attackéiert hat. Dëser Attack konnte just 5 weider Dammen eppes dogéint setzen, ënnert anerem d’Marianne Vos, déi sech am leschte Joer d’Victoire séchere konnt.
Dëse Grupp sollt d’Victoire um Enn och ënnert sech ausmaachen. Am Sprint war et d’Elizabeth “Lizzie” Deignan, déi sech ganz knapp virum Marianne Vos duerchsetze konnt.
D’Christine Majerus koum um Enn mat engem Retard vun iwwer 10 Minutten op déi 60. Plaz.
1 DEIGNAN Elizabeth GBR TREK - SEGAFREDO 2:22:51
2 VOS Marianne NED CCC - LIV +00
3 VOLLERING Demi NED PARKHOTEL VALKENBURG +00
4 NIEWIADOMA Katarzyna POL CANYON / /SRAM RACING +00
5 VAN VLEUTEN Annemiek NED MITCHELTON SCOTT +00
6 LONGO BORGHINI Elisa ITA TREK - SEGAFREDO +07
7 FAHLIN Emilia SWE FDJ NOUVELLE - AQUITAINE FUTUROSCOPE +01:50
8 BALSAMO Elisa ITA VALCAR - TRAVEL & SERVICE +01:50
9 PALADIN Soraya ITA CCC - LIV +01:50
10 LIPPERT Liane GER TEAM SUNWEB +01:50
...
60 MAJERUS Christine LUX BOELS DOLMANS CYCLINGTEAM +10:17