CyclissemDen Alex Kirsch ass frou, dass BinckBank Tour weidergeet

RTL Lëtzebuerg
Zanter en Dënschdeg ass d'BinckBank Tour am Cyclissem an Holland an an der Belsch am Gaangen.
© pressphoto Archiv

Mam Kevin Geniets, dem Jempy Drucker, dem Tom Wirtgen an dem Alex Kirsch sinn och 4 Lëtzebuerger um Depart. Wéinst de Corona-Mesuren an Holland huet d’Course awer e Mëttwoch mussen ënnerbrach ginn. En Donneschdeg geet et awer an der Belsch weider. Den Alex Kirsch ass frou, dass den Organisateur esou séier gehandelt huet.

Den Alex Kirsch

Mir hunn dat ganz relax geholl. An dësen Zäite muss ee flexibel sinn. Et muss een d’Organisatioun luewen, dass si esou séier eng Léisung fonnt hunn, déi et méiglech mécht, dass et eng anstänneg Course ass. Et ass natierlech komesch, dass eng Gemeng esou spéit eng Decisioun hëlt an och ze bedaueren, well mir elo nees ee Schratt no hanne gi mat de Mesuren, déi awer déi leschte Méint gewisen hunn, dass dat gutt funktionéiert, wéi d’Courssen organiséiert sinn. Et bleift ze hoffen, dass et net weider an déi Richtung geet. An dass mir nees normal kënne Sport maachen an och liewen.

En Donneschdeg gëtt déi 3. Etapp iwwer 157 Kilometer op engem Circuit ronderëm Aalter an der Belsch gefuer.

Back to Top
CIM LOGO