CyclocrossDen Alzenger Scott Thiltges dominéiert zu Téiteng

RTL Lëtzebuerg
D'Plazen 2 an 3 goungen un de Vincent Dias dos Santos an un de Fransous Aymerick Barthel.
Cyclocross zu Téiteng
Den extrem déiwen Terrain huet de Coureuren alles ofverlaangt.

Beim regionale Cyclocross zu Téiteng goungen d’Coureuren um Sonndeg bei naasse Wiederkonditiounen op de Parcours.

Bei der Elite konnt sech de Scott Thiltges vun Alzeng virum Vincent Dias dos Santos vun Téiteng op Plaz 2 an dem Aymerick Barthel op Positioun 3 behaapten. De Fransous war gläichzäiteg de Gewënner bei den Espoiren.

Laetitia Maus heescht d’Gewënnerin bei den Dammen.

Séierste Junior war den Arno Wallenborn a bei den Debutanten war de Gewënner de Mathieu Kockelmann.

Back to Top
CIM LOGO