CyclissemDëse Weekend steet déi 3. Editioun vum Bike Festival virun der Dier

Tom Hoffmann
E Samschden an e Sonnde komme Vëlosbegeeschterter am „Bike Park Boy Konen“ zu Zéisseng op hir Käschten.

E Samschde gëtt sech wéi gewinnt op d’Jugend konzentréiert. Iwwert de ganzen Dag gi Kannercourssen organiséiert. Owes sinn déi Grouss eng éischte Kéier am Asaz, wou Dammen an Hären un engem Contre-la-montre kënnen Deel huelen.

Sonndes steet dann d’Famill am Virdergrond. Et gi Randonnéeë vun 40 a 60 Kilometer offréiert, e Mountainbike Tour an en « Jump Contest ». Och de « Second Hand » Stand ass nees mat vun der Partie.

D’Hygièneskonzept wat ob d’Been gestallt gouf fir dëse “Bike Festival” kënnen ze organiséieren, huet mat sech bruecht, dass de Weekend Programm huet musse reduzéiert ginn.

„Mir konnten dee ganzen Deel Animatioun net maachen, well mir nëmmen 3 Wochen hate fir dat Ganzt ze organiséieren. Dat heescht, mir hunn e ganzt Hygièneskonzept missen opstellen, wat huet misse vum Gesondheetsministère approuvéiert ginn. Dat heescht: Leit mussen en negative PCR-Test hunn, dee manner al ass wéi 72 Stonnen oder en Antigène-Test, deen manner al ass wéi 24 Stonnen. Leit kënne sech awer och bei eis um Site testen, via Schnelltest, esou wéi dat an de Caféen an Restauranten momentan de Fall ass. Et dierfen och maximal 1.000 Leit op de Site. Déi Derogatioun krute mir vum Ministère duerch eist Hygièneskonzept accordéiert. Dowéinst appelléieren mir, dass Leit sech via eise Site aschreiwen.“ sot de Louis Haas, Organisateur vum Bike Festival.”

Bike Festival - Interview mam Louis Haas (Deel 1)
Deel 1

D’Participatioun un de Courssen a Randonnéeën ass mat Aschreiwungskäschte verbonnen. D’Spectateure brauche keen Entrée ze bezuelen. Um Site gëllt fir jiddereen eng Maskeflicht ausser fir Sportler wärend den Manifestatiounen. D’Organisatioun freet sech awer, dass no engem Joer Paus, de Bike Festival nees seng Dieren opspäert.

Louis Haas: "Mir haten elo 1,5 Joer wou et bësse méi komplizéiert war a wou bal guer keng Events konnte gemaach ginn. Dofir hu mir eis och direkt geduecht, wéi déi nei Mesuren erauskomm sinn, dass et méiglech ass an dunn hu mir eis och direkt virgeholl fir dat doten ze maachen an fir de Leit och eppes un ze bidden fir doheem eraus ze kommen an dat Wuert Pandemie manner ze benotzen am Alldag.”

Bike Festival - Interview mam Louis Haas (Deel 2)
Deel 2

Weider Informatiounen, souwéi de Formulaire fir d’Inscriptioun fannt dir op bikefestival.lu.

Back to Top
CIM LOGO