
Si ass dësen och op een Enn gefuer. Dobäi huet d‘Lëtzebuergerin an hir Co-Equipièren et fäerdeg bruecht, datt d‘Cédrine Kerbaol de Maillot Blanc vun der beschter Jonker konnt gewannen. An deem Klassement ass d‘Nina Berton op déi 9. Plaz komm. Am RTL-Interview erzielt d‘Coureuse, wéi si déi 8 Etappen am Tour de France erlieft huet.