
De Matteo Moschetti aus Italien hat um Enn déi séierst Been a gewënnt domat dës Eendagescourse. De Coureur vun Trek-Segafredo wënnt um Enn virum Pascal Ackermann aus Däitschland an dem Spuenier Jon Aberasturi. Aus Lëtzebuerger Siicht fiert de Jempy Drucker als 20. duerch d’Zil, dat an der nämmlechter Zäit ewéi de Gewënner. Den Alex Kirsch gëtt den 127. op 1 Minutt an 9 Sekonnen.