Interview mam Lucien DidierE Bléck op de Vëlossport zu Lëtzebuerg

Tom Flammang
De Lucien Didier war an den Enn 70er bis Mëtt 80er Jore Profi-Coureur an huet dacks an de schwéiere Biergetappe seng Leader perfekt ënnerstëtzt.
Lucien Didier
De Lucien Didier war an den Enn 70er bis Mëtt 80er Jore Profi-Coureur an huet dacks an de schwéiere Biergetappe seng Leader perfekt ënnerstëtzt.

Och den Tour de Luxembourg steet 2 mol am Dippecher sengem Palmarès. No senger aktiver Karriär stoung do Comité-Aarbecht an d’Betreier vum Nowuess an der UC Dippech um Programm. Lo gëtt et Zäit, e bësse méi lues ze maachen.

Vill jonk Talenter sinn duerch dem Lucien Didier seng Schoul gaangen a säin eegent Beispill als een, dee virum Profi-Sport seng Schoul fäerdeg gemaach huet, gëtt hien och besonnesch an dëser Zäit weider.

Ëmmer manner Courssen hei am Land - den Drock op déi Jonk, fir schonn am Junior-Alter ganz gutt Resultater mussen ze hunn, gesäit de Lucien Didier als kritesch.

Och wann d’Comité-Aarbecht elo eriwwer ass, sou wäert de Lucien Didier och an Zukunft gären op dem engen oder aneren Training mat dobäi sinn an säi grousst Wëssen an déi richteg Astellung un dee weiderginn, dee sech dofir interesséiert.

Back to Top
CIM LOGO