A senger Karriär ass et déi 3. Grande Boucle, déi hie fiert. 2015 gouf de Bob Jungels de 27. a virun 2 Joer ass déi 11. Plaz erausgesprongen. De General spillt fir hien dëst Joer awer keng Roll. Hie kuckt praktesch vun Dag zu Dag.
“Wou ech keen Drock hunn. Wou ech ka probéieren, mir eng oder zwou Etappen erauszesichen a wou ech kann op eng Victoire fueren.”
Vun den Organisateuren heescht et, dass de Parcours dëst Joer esou spektakulär wier wéi nach ni. D’Coureuren hunn domadder awer ee Problem. Beim Dauphiné, der Generalprouf fir den Tour de France, goufen et eng Partie Chutten. Fir de Bob Jungels misst dat den Organisateuren ze denke ginn.
“Et ass fir mech perséinlech eng traureg Direktioun, wéi d’Organisateuren un déi Saach eruginn. De Spektakel steet virun der Gesondheet vum Sportler. Ech fannen dat brauch keen. Entweder mir hu Cyclocross- oder Gravel-Courssen, mee eng Stroossecourse soll eng Stroossecourse bleiwen.”
Wat dem Bob Jungels och nach ze bedenke gëtt, ass de Manktem u Respekt vun de jonke Coureure vis à vis vun deenen etabléierten.
“De Moment ass effektiv eng Revolutioun bei deene jonke Coureuren do. Virun allem deen “Old school” wou s de Respekt virun deene grousse Championen hues, dat existéiert quasi net méi. Et gesäit ee leider a verschiddene Sprinter Jonker, déi keng Bremse méi hunn. Et ass eng Tendenz do, déi villäicht an déi falsch Richtung geet.”
De Grand Depart ass zu Nice, wou iwwert de Weekend interessant éischt Etappen ze erwaarde sinn.
Et gëtt eng besonnesch Editioun 2020 mat am Moment nach vill Ongewëssheet. De Covid-19 ass a wäert an den nächste Wochen nieft deem sportlechen Aspekt e wichtegt Thema bleiwen, och wann den Organisateur sou gutt wéi méiglech, an dat huet een net zulescht en Donneschdeg den Owend bei der Ekippepresentatioun gesinn, probéiert, de Risiko fir Sportler an Zuschauer sou gutt wei méiglech ze miniméieren. Sportlech bleift ofzewaarden, wéi d’Coureure sech iwwer déi 3 Wochen erhuelen.
Lass geet et mat engem éischte Weekend zu Nice. D’Etapp vun e Samschdeg huet wuel e puer Schwieregkeeten, et kann awer gutt sinn, datt e Samschdeg den Owend e Sprinter op der Promenade des Anglais an de Maillot Jaune fiert. Den Dag drop gesäit dat allerdéngs schonn anescht aus an um Sonndeg huet de Peloton net manner wéi 4.000 Héichtemeter ze fueren.
Vill diskutéiert gëtt besonnesch iwwer d’Duell tëscht der Ekipp Ineos vum Egan Bernal, déi ouni Froome an Thomas un den Depart geet an den Hollänner vu Jumbo Visma mat Roglic an Dumoulin. Géif sech den Trend aus dem Dauphiné confirméieren, da wier Jumbo Visma an engem ganz schwéieren Tour de France liicht favoriséiert, och den Thibaut Pinot hëlt 2020 en neien Ulaf, fir an de Maillot Jaune ze fueren.
Den Optakt gëtt et e Samschdeg de Moie scho mat der Dammecourse, déi mir vun 11.30 Auer u live weisen a bei där d’Christine Majerus un den Depart geet. Mëttes si mir da vun 15.30 Auer u live dobäi. Dat um 1. RTL an am Stream op RTL.lu.
D’Organisateuren hu Prezisioune ginn punkto Corona-Moossnamen. An zwar sinn d’Ekippen an d’Organisateuren ASO sech elo eens ginn: Eng Ekipp gëtt aus dem Tour de France ausgeschloss, wann 2 Coureuren an engem Team bannent 7 Deeg positiv op de Coronavirus getest ginn.
Ufanks war nach gesot ginn, dass wann 2 Leit, egal ob Coureur oder Member vum Staff, positiv getest géinge ginn, da misst d’Ekipp ausgeschloss ginn. Elo sinn et just d’Coureuren, déi positiv musse getest ginn, fir net méi dierfe matzefueren.
E Samschdeg fänkt zu Nice den Tour de France un. Mam Bob Jungels ass dëst Joer just 1 Lëtzebuerger um Depart. Fir hien ass et schwéier, engem Coureur d’Favoritteroll zouzespriechen. D’Saison war nämlech wéinst der Corona-Pandemie ganz speziell.
Bob Jungels: Et ass einfach eng speziell Saison. Et si Coureuren, déi hu Stonnen a Stonnen um Rouleau verbruecht. De Rouleau ass alles schéin a gutt, mä ech mengen dat mentaalt an dat kierperlecht engem extrem vill Energie hëlt. Et ass einfach net dat nämmlecht wéi dobaussen ze fueren. Ech denken, dass ee Konsequenzen iergendwa méi spéit gesäit. Jiddwereen, dee schonns een 3 Wochen-Tour gefuer ass, dee weess, dass et gutt ass, wann een no der zweeter Woch nach vill Kären huet.Den Tour de France dauert bis den 20. September.