
De Samschdeg organiséiert den Dippecher Veräin déi national Championnater am Cyclo Cross.
Op engem 2,4 Kilometer laangem Parcours, deen um Mierscher Krounebierg gréisstendeels duerch Wisse geet, kann ee sech spannend Courssen erwaarden. Déi schlecht Wiederkonditioune maachen de Circuit extrem schwéier. Den éischten Depart ass um 12:00 Auer an d‘Haaptcourse geet um 15:15 Auer lass.
An de leschten Deeg gouf scho vill um Parcours trainéiert, en Donneschdeg war och de Sören Nissen do, deen den Dag virdrun vun engem laange Trainingsstage aus Australien zréckkomm ass. De Champion vun 2018 souz dëse Wanter net vill um Cross-Vëlo an preparéiert seng Mountain-Bike-Saison.
Bei den Espoire kéint de Ken Conter eng interessant Roll spillen. De Coureur vu Leopard Pro Cycling war op Hellegowend ugestouss ginn an huet awer d’Chance, fir op de Podium ze fueren. Och hien war zu Miersch am Asaz.