Out fir de Michel Ries?Ekipp Arkéa-B&B Hotels verléiert seng Sponsoren

RTL Lëtzebuerg
Enn dës Joers zéie sech déi zwee Haaptsponsore vun der franséischer Vëlosekipp zréck. Kommen Neier amplaz oder gëtt d'Team opgeléist?
© Gongora / NurPhoto / NurPhoto via AFP

Mat Arkéa a B&B Hotels zéie sech déi zwee Haaptsponsore vun der Vëlosekipp, bei där de Michel Ries fiert, Enn dës Joers zréck. Allebéid hu se hire Kontrakt net verlängert.

Hannert de Kulisse gëtt äifreg dru geschafft, nei Ënnerstëtzer ze fannen, mee bis ewell konnten awer nach keng Successeure bekannt gemaach ginn. Ob d’Team weidergefouert oder opgeléist wäert ginn, a wéi et fir de Michel Ries wäert weidergoen, ass den Ament nach net gewosst.

Back to Top
CIM LOGO