Flèche du SudEmilien Jeannière wënnt déi 2. Etapp, Tom Paquet elo 9. am General

RTL Lëtzebuerg
De Fransous Emilien Jeannière huet déi zweet Etapp vun der Flèche du Sud gewonnen an iwwerhëlt d'Féierung am General.
Emilien Jeannière wënnt déi 2. Etapp, Tom Paquet elo 9. am G
De Fransous Emilien Jeannière huet déi zweet Etapp vun der Flèche du Sud gewonnen an iwwerhëlt d’Féierung am General. Den Tom Paquet ass elo den 9. am General.

Um Donneschdeg stoung déi zweet Etapp iwwer 165,7 Kilometer um Programm. De Start an d’Arrivée waren zu Rëmeleng.

Am Sprint huet sech den Emilien Jeannière (Vendée U) knapp duerchgesat. De Podium gouf vum Maikel Zijlaard (Volkerwessels Cycling Team) a vum Laurens Sweeck (Pauwels Sauzen-Bingoal) komplettéiert. Mat am éischte Grupp ass och de Lëtzebuerger Tom Paquet ukomm. Hien huet sech als 12. klasséiert. Aner Lëtzebuerger wéi den Ivan Centrone, Loïc Bettendorff oder Tim Diederich haten e Retard vun 23 Sekonnen op de Vainqueur.

Am General huet de Jeannière d’Féierung iwwerholl. Den Tom Paquet huet sech op déi 9. Plaz verbessert.

D’Klassement vun der Etapp

1 JEANNIÈRE Emilien Vendée U 3:44:11
2 ZIJLAARD Maikel VolkerWessels Cycling Team ,,
3 SWEECK Laurens Pauwels Sauzen - Bingoal ,,
4 NYS Thibau Baloise - Trek Lions ,,
5 KOLZE CHANGIZI Sebastian Team ColoQuick ,,
6 BOUTS Jordy BEAT Cycling ,,
7 LINDNER Tom P&S Benotti ,,
8 MACLEOD Callum ABLOC CT ,,
9 HEMING Mika ATT Investments ,,
10 DE JONG Timo VolkerWessels Cycling Team ,,
...
12 PAQUET Tom Luxembourg ,,
30 CENTRONE Ivan Luxembourg 0:23
33 BETTENDORFF Loïc Luxembourg ,,
34 DIEDERICH Tim Team Snooze - VSD ,,

De General

1 JEANNIÈRE Emilien Vendée 5:23:27
2 DE JONG Timo VolkerWessels Cycling Team ,,
3 NYS Thibau Baloise - Trek Lions ,,
4 BOUTS Jordy BEAT Cycling ,,
5 MACLEOD Callum ABLOC CT ,,
6 HEMING Mika ATT Investments ,,
7 DEVANNE Antoine Vendée U ,,
8 SWEECK Laurens Pauwels Sauzen - Bingoal ,,
9 PAQUET Tom Luxembourg ,,
10 SCOTT Jared Aevolo ,,
...
33 BETTENDORFF Loïc Luxembourg 0:23
36 CENTRONE Ivan Luxembourg ,,

Back to Top
CIM LOGO