Verlängert Restriktiounen a FrankräichËmmer méi warscheinlech, dass Tour de France net de 27. Juni lancéiert gëtt

Franky Hippert
Den Direkter vun der ASO, de Christian Prudhomme, wëll sech jo bis de 15. Mee Zäit ginn, fir ze kucken, wat mat der Editioun 2020 geschitt.
© Marco Bertorello / AFP

Spéitstens no der Annonce e Méindeg vum franséische President Emmanuel Macron, datt bis Mëtt Juli keng Manifestatioune mat vill Public dierfte sinn, musse se wuel och bei der ASO, der franséischer Associatioun déi d’Grande Boucle organiséiert, ëmdenken.

Den Direkter vun der ASO, de Christian Prudhomme, wëll sech jo bis de 15. Mee Zäit ginn, fir ze kucken, wat mat der Editioun 2020 geschitt. Et war schonn ze héieren, datt de Grand Depart vum Tour de France 2020 an den August kéint verluecht ginn.

Bis den 11. Mee hale se bei eise franséischen Nopere jo mol nach un den aktuelle strenge Reegele wéinst dem Coronavirus fest.

Back to Top
CIM LOGO