
Lass geet et den Donneschdeg mat dem Contre-la-montre. Bei den Damme geet d’Christine Majerus als grouss Favoritin un den Depart, iwwerdeems ee sech bei de Profien och Spannung kann erwaarden.
Déi lescht Woche waren d’Coureure vill am Ausland an op Etappecourssen ënnerwee an et stellt sech d’Fro, wien am beschte recuperéiert huet. De Bob Jungels freet sech jiddefalls, fir nees hei am Land Course ze fueren.
Weider Informatioune fannt Dir op der Facebook-Säit vum VC Mamerdall oder um Site vun der Vëlosfederatioun.