
Do konnt de Kolumbianer Fernando Gaviria als Éischten iwwert d’Arrivée vun der 2. Etapp vum 53. Tour du Limousin fueren. De Schwäizer Joel Suter gouf 2. an de Fransous Kévin Ledanois konnt déi 3. Plaz huelen.
Bei de Lëtzebuerger ass de Ben Gastauer 38. ginn, 8 Sekonnen hannert dem Gaviria an ass mam Peloton ukomm. De Jan Petelin war ze spéit iwwert d’Arrivée gefuer.
Am General konnt de Joel Suter d’Spëtzeplaz iwwerhuelen, zäitgläich mam Luca Wackermann. De Kévin Ledanois konnt sech mat senger 3. Plaz an der Etapp och déi 3. Plaz am General sécheren.
1 Gaviria Fernando UAE-Team Emirates - 4:13:18
2 Suter Joel Bingoal - Wallonie Bruxelles - ,,
3 Ledanois Kévin Team Arkéa Samsic - 0:02
4 Storer Michael Team Sunweb - ,,
5 Fedeli Alessandro NIPPO DELKO One Provence - ,,
6 Jauregui Quentin AG2R La Mondiale - ,,
7 Bouchard Geoffrey AG2R La Mondiale - ,,
8 Aberasturi Jon Caja Rural - Seguros RGA - 0:08
9 Boudat Thomas Team Arkéa Samsic - ,,
10 Fiorelli Filippo Bardiani-CSF-Faizanè - ,,
1 Suter Joel Bingoal - Wallonie Bruxelles - 8:43:45
2 Wackermann Luca Vini Zabù - KTM - ,,
3 Ledanois Kévin Team Arkéa Samsic - 0:07
4 Jauregui Quentin AG2R La Mondiale - 0:11
5 Bouchard Geoffrey AG2R La Mondiale - ,,
6 Stewart Jake Groupama - FDJ - ,,
7 Combaud Romain NIPPO DELKO One Provence - ,,
8 Aberasturi Jon Caja Rural - Seguros RGA - 0:13
9 Chernetski Sergei Gazprom - RusVelo - ,,
10 Le Gac Olivier Groupama - FDJ - 0:15