Tour du LimousinEtappevictoire fir Wackermann, Gastauer a Petelin wäit zeréck

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg stoung déi éischt Etapp vum Tour du Limousin um Programm. Hei goung et iwwer 183,5 Kilometer vu Couzeix op Evaux-les-Bains.
© Val Wagner (Archiv)

Den Italiener Luca Wackermann konnt déi éischt Etapp vun der 53. Editioun en solitaire gewannen. Hien hat um Enn 7 Sekonnen Avance op den Jake Stewart, deen dee Séiersten aus dem Peloton eraus war.

Aus Lëtzebuerger Siicht ass et en Dënschdeg net esou gutt gaangen. Hei koum de Ben Gastauer op déi 49. Plaz mat engem Retard vun 2 Minutten an de Jan Petelin gëtt den 130. op 23 Minutten a 27 Sekonnen.

Déi éischt 10 vun der 1. Etapp

1 Wackermann Luca Vini Zabù - KTM
2 Stewart Jake Groupama - FDJ op 7 Sekonnen
3 Aberasturi Jon Caja Rural - Seguros RGA
4 Declercq Benjamin Team Arkéa Samsic
5 Ferasse Thibault Natura4Ever - Roubaix Lille Métropole
6 Galván Francisco Equipo Kern Pharma
7 Swift Connor Team Arkéa Samsic
8 Fiorelli Filippo Bardiani-CSF-Faizanè
9 Suter Joel Bingoal - Wallonie Bruxelles
10 Claeys Dimitri Cofidis, Solutions Crédits

Back to Top
CIM LOGO