Tour duerch KatalounienEvenepoel fält kuerz virun Arrivée, Godon wënnt 3. Etapp

Jeff Kettenmeyer
Ee Kilometer virun der Arrivée ass de Fransous gefall. Beschte Lëtzebuerger vum Dag gëtt de Bob Jungels op Plaz 51.
Den Dorian Godon konnt sech um Enn duerchsetzen
Den Dorian Godon konnt sech um Enn duerchsetzen
© FLORIAN FRISON/DPPI via AFP

Am Cyclissem gouf et op der drëtter Etapp vum Tour duerch Katalounien eng Victoire vum Dorian Godon. De Remco Evenepoel war mam Jonas Vingegaard ee Kilometer virun der Arrivée vir, mä de Belsch ass gefall an doropshin koum et zum Sprint, deen de Godon du souverän konnt wannen.

Domat bleift de Fransous och Leader am General.

De Bob Jungels koum als beschte Lëtzebuerger op déi 51. Plaz mat engem Retard vun 5 Sekonnen. De Mats Wenzel gouf den 102. op iwwer zwou Minutten.

Back to Top
CIM LOGO