Tour duerch d'AlgarveEvenepoel wënnt 2. Etapp, Geniets gëtt 25.

RTL Lëtzebuerg
Mat engem Retard vun eppes méi wéi annerhallwer Minutt konnt de Kevin Geniets als 35. iwwert d'Linn fueren.
De Gewënner vun der Etapp Remco Evenepoel.
De Gewënner vun der Etapp Remco Evenepoel.
© AFP (Archiv)

Op der zweeter Etapp konnt sech de Belsch vu Quick Step duerchsetzen, dat virum Maximilian Schachmann an dem Dan Martin.

Mat engem Retard vu bal 14 Minutte gëtt de Jempy Drucker den 79.

Am Generalklassement huet de Remco Evenepoel elo d’Nues vir, datt zäitgläich mam Maximilian Schachmann an 2 Sekonne virum Rui Costa. De Kevin Geniets steet hei och op der 25. Plaz mat 1 Minutte a 35 Sekonne Retard, de Jempy Drucker gëtt als 77. op 13 Minutten a 55 Sekonne gewäert.

Back to Top
CIM LOGO