Tour duerch Norwegen: 5. EtappEvenepoel wënnt déi 5. Etapp a baut Féierung am General aus

RTL Lëtzebuerg
No senger Victoire op der 5. Etapp kann de Remco Evenepoel seng Avance am General op 56 Sekonnen ausbauen. Den Alex Kirsch kënnt op déi 58. Plaz.
© AFP (Archiv)

No 181,7 km vu Flekkefjord op Sandnes koum de Belsch Remco Evenepoel als 1. op d’Arrivée virum Norweger Tobias Johannessen an dem Australier Luke Plapp. Mat engem Retard vu 4 Minutten a 50 Sekonnen kënnt den Alex Kirsch op déi 58. Plaz.

Am General baut de Remco Evenepoel mat dëser Victoire seng Avance op den Australier Jay Vine op 56 Sekonnen aus. Drëtten ass de Luke Plapp mat engem Réckstand vun 1 Minutt an 30 Sekonnen. Eng 75. Plaz mat engem Réckstand vun 41 Minutten an 53 Sekonnen steet fir den Alex Kirsch um Tableau.

D’Klassement vun der Etapp

1 EVENEPOEL Remco Quick-Step Alpha Vinyl Team 4:53:33
2 JOHANNESSEN Tobias Halland Uno-X Pro Cycling Team ,,
3 PLAPP Luke INEOS Grenadiers ,,
4 VINE Jay Alpecin-Fenix 7 ,,
5 HEALY Ben EF Education-EasyPost ,,
6 SHEFFIELD Magnus INEOS Grenadiers 0:02
7 HUYS Laurens Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux ,,
8 UIJTDEBROEKS Cian BORA - hansgrohe ,,
9 TEUNISSEN Mike Jumbo-Visma +0:05
10 FIORELLI Filippo Bardiani-CSF-Faizanè ,,

58 KIRSCH Alex Trek-Segafredo +04:50

De General

1 EVENEPOEL Remco Quick-Step Alpha Vinyl Team 21:50:19
2 VINE Jay Alpecin-Fenix +0:56
3 PLAPP Luke INEOS Grenadiers +1:30
4 JOHANNESSEN Tobias Halland Uno-X Pro Cycling Team +1:34
5 GEOGHEGAN HART Tao INEOS Grenadiers +2:38
6 SHEFFIELD Magnus INEOS Grenadiers +2:53
7 HUYS Laurens Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux +2:56
8 UIJTDEBROEKS Cian BORA - hansgrohe +2:58
9 CHAVES Esteban EF Education-EasyPost +3:04
10 HAYTER Ethan INEOS Grenadiers +4:12

75 KIRSCH Alex Trek-Segafredo +41:53

Back to Top
CIM LOGO