Iwwer laang Zäit louch de Matthieu Ladagnous ganz eleng vir un der Spëtzt, ma um Enn gouf et wéi erwaart ee Massesprint. Hei war de Caleb Ewan dee Séiersten. De Podium gouf komplettéiert vum Peter Sagan an dem Sam Bennett. De Bob Jungels gëtt um Enn den 92. op 1 Minutt a 15 Sekonnen. De Lëtzebuerger hat jo ronn 6 Kilometer virun der Arrivée attackéiert.
Am General bleift de Primoz Roglic weiderhin de Leader. Hei ass de Bob Jungels den 48. op 1 Stonn an 28 Sekonnen.
LINK: Maacht mat beim RTL Tour de France Quiz a gewannt e flotte Präis
Mam Matthieu Ladagnous konnt sech direkt nom Depart ee Coureur vum Peloton ofsetzen. De Coureur vun der Ekipp Groupama.FDJ hätt sech wuel gewënscht, datt en net eleng fuere muss, ma nawell sollt et esou kommen. Zwar gouf et eemol eng Konterattack, ma hei huet de Peloton direkt reagéiert an déi Leit net fuere gelooss, deemno huet de Fransous eleng un der Spëtzt misse fueren.
De Grupp ëm den Naesen, Stuyven, Gogl, Küng, Pöstlberger a Van Asbroeck war dem Peloton wuel ze staark an esou huet d’Ekipp Deceuninck-Quick Step si nees ageholl. De Ladagnous hat iwwerdeems eng maximl Avance vu ronn 4 Minutten an 30 Sekonnen.
Ronn 43 Kilometer virun der Arrivée gouf de Ladagnous du vum Peloton ageholl an deemno war nees alles beieneen.
Knapp 6 Kilometer virun der Arrivée koum dunn eng Attack aus dem Peloton vum Lukas Pöstlberger, dee sech dunn zesumme mam Kasper Asgreen an dem Bob Jungels ofsetze konnt. Den Trio un der Spëtzt huet zwar deels gutt harmonéiert, ma géint de staarke Peloton war um Enn nawell kee Kraut gewuess. 2,1 Kilometer virun der Arrivée goufe si nees ageholl.
Um Enn koum et also zu engem Massesprint, wou de Caleb Ewan sech ganz knapps virum Peter Sagan an dem Sam Bennett behaapte konnt.
1 Ewan +0:00
2 Sagan +0:00
3 S. Bennett +0:00
4 Van Aert +0:00
5 Coquard +0:00
6 Venturini +0:00
7 M. Pedersen +0:00
8 Mezgec +0:00
9 Hofstetter +0:00
10 Naesen +0:00
1 Primož Roglic (Slo) Team Jumbo - Visma 42:15:23
2 Egan Bernal (Col) Ineos Grenadiers 0:00:21
3 Guillaume Martin (Fra) Cofidis 0:00:28
4 Romain Bardet (Fra) AG2R La Mondiale 0:00:30
5 Nairo Quintana (Col) Team Arkéa - Samsic 0:00:32
6 Rigoberto Uran (Col) EF Pro Cycling 0:00:32
7 Tadej Pogacar (Slo) UAE Team Emirates 0:00:44
8 Adam Yates (GBr) Mitchelton - Scott 0:01:02
9 Miguel Angel Lopez (Col) Astana Pro Team 0:01:15
10 Mikel Landa (Esp) Bahrain - McLaren 0:01:42