Mountainbike-ChampionnatFabienne Schaus a Sören Nissen séchere sech den Titel

RTL Lëtzebuerg
D'Fabienne Schaus gewënnt d'Course bei den Dammen. Bei der Elite vun de Häre gewënnt de Sören Nissen virum Pol Weisgerber a Pit Schlechter.
Montain Bike Championnat
D’Fabienne Schaus gewënnt d’Course virum Mélanie Wünsch. Bei der Elite vun de Häre gewënnt de Sören Nissen virum Pol Weisgerber a Pit Schlechter.

Ob deem technesch interessante Parcours, dee vun de Vëlosfrënn Gusty Brouch preparéiert gi war, war et wichteg, e gudden Depart ze hunn, fir spéider net an deene schmuele Passagen hannert méi luese Coureure blockéiert ze sinn. Am Beschte war de Sören Nissen fortkomm. De Coureur aus dem Dikrecher Veräi konnt direkt e puer Sekonnen Avance op seng direkt Verfolger erausfueren.

Hannert dem Elite-Coureur hu sech mat Kockelmann a Bettendorf zwee Espoire presentéiert. Da koume mat Weisgerber an Esser den zweeten Elite an den drëtten Espoirs mat scho méi groussem Retard. De Loïc Bettendorf huet am drëtten Tour op den Tempo gedréckt a sech vum Raphaël Kockelmann ofgesat, fir bis op 10 Sekonnen un den Nissen erunzefueren.

Dono sinn d’Ecarten awer méi grouss ginn an de Sören Nissen konnt a sengem eegene Rhythmus seng Avance ausbauen. No 5 Tier Course konnt de Serge Bertemes sech als éischte Masters als Champion feiere loossen an och bei den Espoirs an Elite sollt net méi vill passéieren. De Pit Schlechter ass wuel dem Pol Weisgerber fir déi zweete Plaz bei der Elite e Stéck méi no komm, den Alzenger huet déi awer an den zwee leschten Tier kënne verdeedegen. No 7 Tier konnt sech de Sören Nissen als souveräne Vainqueur feiere loossen.

PDF: D'Resultater vun der Elite

Back to Top
CIM LOGO