
De Fabio Jakobsen wäert nach Méint brauchen, fir sech vu senger uerger Chute beim Tour duerch Polen ze erhuelen. Um Mëttwoch krut hien 130 Stéch am Gesiicht erausgeholl. Den Hollänner huet bei senger Chute just nach een Zant behalen an huet sech vill schwéier Frakturen am Gesiicht zougezunn.
Fir den Ament ass net sécher, ob de Coureur vun Deceuninck Quick-Step an Zukunft nees eng Kéier um Depart vun enger Vëloscourse wäert kënne stoen. Dat, well aktuell nach ee vu senge Stëmmbänner geläämt ass. Fir normal an optimal kënnen ze ootmen, brauch ee voll funktionell Stëmmbänner.