
De 5. August hat nach alles normal ausgesinn. Bei der Tour duerch Polen ass de Jakobsen, wéi esou dacks, mat villen anere Coureuren an de Sprint ëm d’Etappevictoire gaangen. Ma am Kampf ëm d’Positioun huet den Dylan Groenewegen de Teamkolleeg vum Bob Jungels an d’Ofspärung gedréckt, dat bei Tempo 80. De blesséierte Coureur huet misste mat engem Helikopter an d’Spidol bruecht ginn, wou d’Dokteren hie 5 Stonne laang operéiert hunn. Dono louch hien zwee Deeg am kënschtleche Koma, hat Angscht, net ze iwwerliewen.
No dëser liewensgeféierlecher Chutte kämpft sech de jonken Hollänner zeréck an d’Liewen. Elo stinn zwou weider Operatiounen un, fir säi Gesiicht nees ze rekonstruéieren. Den éischten Agrëff ass fir den 8. Oktober geplangt. Do gi Knachen aus dem Becken an d’Gesiicht transplantéiert, wou der aktuell vill feelen. D’Heelung dauert Méint. An enger zweeter Op kritt hien dann Implantater, fir nei Zänn kënnen ze kréien. Hien hat, mat Ausnam vun engem Zant, déi aner all beim Crash verluer.
Den Dylan Groenewegen, och en Hollänner, fiert aktuell keng Coursse méi. Selwer hat hie sech d’Schlësselbee beim Crash gebrach. Donieft krut hien zanter dem Tëschefall och Mordmenacen an ass psychesch a kengem gudden Zoustand. D’UCI ermëttelt nach ëmmer géint hien a seng Ekipp, Jumbo-Visma, huet matgedeelt, datt hie keng Course méi wäert fueren, bis d’UCI hiert Urteel gesprach huet.