Giro d'ItaliaFilippo Ganna gewënnt de Contre la Montre

RTL Lëtzebuerg
Den Italiener vum Team Ineos ass domat och am Maglia Rosa. Op déi 2. Plaz fiert de Portugis Joao Almeida. De Ben Gastauer kënnt op déi 58. Plaz.
© AFP

Um Samschdeg stoung déi 1. Etapp vum Giro d’Italia um Programm. Vu Monreale op Palermo ass et am Contre la Montre iwwer 15,1 km gaangen. Den Italiener Filippo Ganna war mat 15 Minutten a 24 Sekonnen dee Séiersten. De Britt Geraint Thomas, deen jo net beim Tour de France derbäi war, fiert op déi 4. Plaz.

De Lëtzebuerger Ben Gastauer klasséiert sech op der 58. Plaz, mat enger Zäit vu 16 Minutten a 46 Sekonnen. Hien hat am Zil domat e Retard vun 1 Minutt a 22 Sekonnen.

D’Top10

1 GANNA Filippo (ITA) INEOS GRENADIERS 0:15:24
2 ALMEIDA João (POR) DECEUNINCK - QUICK - STEP 0:00:22
3 BJERG Mikkel (DEN) UAE TEAM EMIRATES 0:00:22
4 THOMAS Geraint (GBR) INEOS GRENADIERS 0:00:23
5 FOSS Tobias S. (NOR) JUMBO - VISMA 0:00:31
6 ČERNÝ Josef (CZE) CCC TEAM 0:00:36
7 SOBRERO Matteo (ITA) NTT PRO CYCLING 0:00:40
8 CRADDOCK G Lawson (USA) EF PRO CYCLING 0:00:41
9 SCOTSON Miles (AUS) GROUPAMA - FDJ 0:00:42
10 BRÄNDLE Matthias (AUT) ISRAEL START - UP NATION 0:00:42

De General

Back to Top
CIM LOGO