
A senger laanger Karriär am Cyclissem huet de Frank Schleck fir vill grouss Momenter gesuergt an huet méi wéi eng Kéier Lëtzebuerger Sportgeschicht geschriwwen. No sengem Succès am Abrëll 2006 beim Amstel Gold Race huet de Frank Schleck 3 Méint méi spéit säi gréissten Erfolleg a senger Karriär gefeiert. De Lëtzebuerger huet am Tour de France d’Kinneksetapp op d’Alpe d’Huez gewonnen.
2008 krut de Munnerefer 50 Joer nom Charly Gaul nees als Lëtzebuerger de Maillot Jaune fir 4 Deeg op seng Schëlleren.
2009 wënnt hie seng zweeten Tour de France Etapp, deemools zu Le Grand Bornand, mat am hënneschte Rad dem Alberto Contador an sengem Brudder Andy Schleck.
2011 stoung hien als Drëtten um Podium vum Tour de France, dat zesumme mat sengem Brudder Andy deen deen Zweete gouf, nach ni stoungen zwee Bridder um Podium zu Paräis.
Wéi bei verschiddenen anere grousse Sportler goufen et awer och am Frank Schleck senger Karriär nieft den Héichten och Déiften. Nieft enger Partie schroe Chutten a Blessuren war déi wuel batterste Stonn 2012.
No der Tour de France Etapp vum 14. Juli gouf de Frank Schleck positiv op d’Mëttel Xipamid getest.
De Munnerefer gouf doropshin 1 Joer gespaart.
No sengem Comeback ass et dem Frank Schleck nach gegléckt fir 2015 d’Kinneksetapp an der Vuelta also dem Tour duerch Spuenien ze wannen.
Op der Olympiad 2016 zu Rio hat de Frank Schleck dunn annoncéiert seng Vëlosschung un den Nol ze hänken.