Wéinst positivem Corona-FallFSCL zitt Juniore bei der EM zeréck

RTL Lëtzebuerg
No dem nationale Championnat ass e Méindeg ee vun der Lëtzebuerger Juniore positiv op de Coronavirus getest ginn.
© pressphoto Archiv

Den Ament ass d’Europameeschterschaft am Cyclissem zu Plouay a Frankräich am Gaang. D’Lëtzebuerger Federatioun huet elo matgedeelt, dass d’ Junior-Ekipp net un den Depart geet.

An dat wéinst engem positive Corona-Test. Bei deem concernéierten handelt et sech ëm de Gilles Miny. De leschte Weekend gouf hien um Championnat nach den 3. No sengem positiven Test wollt de jonke Coureur nach een zweete maachen, fir ganz sécher ze sinn, dass deen éischten och dat richtegt Resultat erginn huet. Dat gouf awer vun der Santé refuséiert.

“Ech hunn ugefrot, fir een zweeten Test ze maachen, fir d’Resultat ze bestätegen oder et ze widderleeën. D’Santé sot dunn, dass ee positiven Test ëmmer richteg ass an et kéinte keng falsch positiver ginn. Awer wann ech een zweeten Test géif maachen, kéint et sinn dass d’Resultat negativ ass, well ee falschen negativen Test éischter méiglech ass. Dann hätt ech ee falscht Resultat an ech géif fueren obwuel ech positiv wär.”

Reaktioun Gilles Miny
Wéinst engem Corona-Fall hat d’FSCL d’Juniore bei der EM am Cyclissem zeréckgezunn.

D’Course vun de Junioren ass fir e Freideg programméiert.

Bei der Ekipp Bora-Hansgrohe vum Jempy Drucker, gouf et och ee positive Fall, dee sech awer bei engem zweeten Test als negativ erwisen huet.

PDF: Offiziellt Schreiwes

Back to Top
CIM LOGO